Babyoil-Assume Nothing

Laang hunn d’Fans vun der lëtzebuerger Formatioun Babyoil op ee neie musikaleschen Output musse waarden an et kann ee soen, datt dat Waarden sech méi wéi gelount huet! Déi nei EP nennt sech « Assume nothing » a bitt dem Nolauschterer Music at its best. Babyoil sinn geräift, Lidder wéi d’Single “Army of Butterflies” klengen wéi aus engem Goss, verdreemte Melodien loossen et zou, datt een sech am Sound verléiert, d’Batterie klengt extrem tight an d’Guitarren gin gutt no vir! Gedroen gëtt de Babyoil Sound natierlech duerch dem Frontmann Sébastien Peiffer seng Stëmm; eng Stëmm, déi verglach mam Virgänger„Score“ extrem évoluéiert huet. Mat “Assume Nothing” beweisen Babyoil, datt si net fir näischt eng vun deene gefroteste Bands zu Lëtzbuerg sinn. We want more!