Strosbuerg ass de Sëtz vu ville europäeschen Institutiounen : Europaroot, Europaparlament, Europäeschen Gerichtshaff fir Menschenrechter, Eurocorps a.v.m. Nët firnäischt gesin Sie sech als "Haaptstaat vun Europa".
| Samschdes - 18.12.2010 |
|---|
Samschdes fueren mir vun der Staat aus direkt op Strosbuerg wou Dir genuch Zäit hudd fir dëss flott Staat ze entdecken. Shopping ass ugesoot an de sëllechen grousse Geschäfter. Donierft verzaubert een de besonneschen Charme vun der Haaptstaat aus dem Elsass mat der "Petite France" déi een onbedéngt soll entdecken. Awer och soss : vill kleng Ecker, verwenkelt Gaassen, hei gëtt et vill ze kukken op de villen Chrëschtmäert.
Géint 19h00 gin mir dann zu Strosbuerg u Bord vun engem Flosscroisières-Schëff wou mir och ze Nuecht iessen a schloofen. Mir hun dëst Joer nees e gréissert Schëff mat 70 Kabinnen ganz eleng fir eis gebucht. Nom Iessen ass Party & Danzen ugesoot.
Mat dobäi den Orchester "Pol a Rosch"
| De Menu fir Samschdes owes : |
|---|
Croustillant de sandra, tagliatelle de légumes, crème aux lards et cumin
---
Sorbet melon au porto rouge
---
Suprême de pintade au romarin
Nouilles au beurre
asperge verte en biseau et carottes cannelés
---
Tarte tatin tiède, coulis aux pommes et calvados, glace vanille
Nom Iessen : Danzmusek mat Pol a Rosch
| Hei d'Fotoen vun 2008 mat Stroossbuerg, Kaysersberg a Riquewihr |
|---|
| Sonndes - 19.12.2010 |
|---|
Nom Moieskaffi verlossen mir d'Schëff an den Hafen bei Strosbuerg géint 10.00 Auer a fueren nach mei déif an den Elsass eran fir zwou weider flott kleng Stied mat Charakter an der Chrëschtzäit ze entdecken.
RIBEAUVILLE : d'Geschicht vun dëser Staat geet zréck bis an d'Joer 759 a gouf 1290 fir d'éischt als Staat ernimmt. D'Haiser aus dem 16. a 17. Jorhonnert ginn der Aalstaat den typeschen mëttelalterleche Charakter. Dominéiert gëtt Ribeauvillé vun 3 Buergruinen a wëll d'Stiedchen esou flott a charmant do läit loossen sech d'Touristen net zweemol fléiwen. Zemools am Dezember kënnt de Charme vum Advent hei besonnesch gutt eriwwer.
RIQUEWIHR : Gëtt als Juwel an der Kroun ugesinn, berühmt duerch seng Rieslinger an aner groussaarteg Wäiner aus dem Elsass. Riquewihr gesäit haut nach genee esou aus wéi am 16. Jorhonnert : eng wonnerbar, kleng romantesch mëttelalterlech Staat verstoppt tëscht Wäibierger mat senger imposanter Stadsmauer ronderëm.
| Am Präis inclus : |
|---|
- Rées am moderne Réesbus
- 1 Nuecht mat Hallefpensioun u Bord vum Schëff
- Danzmusek nom Iessen mat engem Orchester
- DNR & ULT Guide
Präis pro Persoun
Duebelcabine : 215 €
Eenzelcabine : 285 €
| Links : |
|---|