Stroossen bei den Häeren a Peiteng bei den Dammen heeschen d’Coupegewenner am Volleyball.
Fir den Optakt vum Play Off an der Sales Lentz Handball League verleiert Diddeléng 30 – 33 geint d’Red Boys, Esch klappt Scheffleng 32 – 15
Haut spillt nach Käerjéng geint de Coupegewenner Bierchem
Am Tittelplayoff vum Basketchampionnat gewennt d’Amicale um 3. Spilldag 79 – 70 geint Conter Haut spillt d’Sparta geint den T71 an d’Pikes kreien Besuch vun der Etzella
Am PlayDown gewennt d’Résidence 85 – 62 geint d’Nitia
Haut spillt Zolver an eegener Haal geint de Racing
An der Nationale 2 verleiert am Opstiegsgrupp de BC Mess 66 – 69 geint Hiefenech.
Den TBB Treier an de Samy Picard verleiert an der Basket Bundesliga 71 – 72 geint d’Artland Dragons
Bei engem internationalen Schwamm Meeting zu Berlin am grousse Basseng kennt de Jean-François Schneiders iwwer 100 Meter Reck an der Final op dei 7. Plaz, de Raphael Stacchiotti gett 3. iwwer 50 Meter Crawl a 50 Meter Brasse. D’Sarah Rolko gett iwwer 50 Meter Crawl daat 3. an iwwer 50 Meter Reck an der Final gett d’Schwemmerin daat 1. an arreecht d’Limite vun de Junior Europameeschterschaften
Am Cyclissem gett de Kim Kirchen bei enger Course an Italien den 59ten mat engem Retard vun 6 Minutten an 48 Sekonnen op de Vainquer Maxim Iglinsky aus dem Kasachstan. Den Andy Schleck fier sein Deel huet d’Course opgin.
Bei den „3 Jours de Flandre“ gewennt den Däitschen Robert Wagner am Sprint dei 2.étape, de Ben Gastauer gett 133.
Fussball am Ausland
An der Bundesliga kennt Bayern München zu Köln net iwwer en 1 – 1 remis eraus, Dortmund klappt Gladbach 3 – 0, Werder Bremen a Stuttgart deelen 2 – 2, den HSV gewennt 1 – 0 geint d’Hertha, Frankfurt verleiert 1 – 4 geint Schalke, Freiburg verleiert 1 – 2 geint Hannover a Wolfsburg gewennt 4 – 1 geint Bochum
An der Tabell feiert Bayern mat 53 Punkten virun Schalke 51 a Leverkusen bei engem Mätch manner 50 Punkten
Haut spillt Nürnberg geint Leverkusen an Hoffenheim trefft op Mainz
Am englesche Championnat gin et succèen fir Manchester United an den Arsenal. An de 1/4els Finalen vum FA CUP gewennt Portsmouth 2 – 0 geint Birmingham, tescht Fulham an Tottenham gett et en 0 – 0 remis, hei muss en 2. Mätch Décisioun brengen.
Um 27. Spilldag a Frankreich ass haut de Spetzemätch tescht Bordeaux a Montpellier
An der Schweiz gewennt de Jeff Strasser mat den Grashoppers Zürich 2 – 1 geint den FC Basel
An Italien gewennt d’Juve 2 – 1 geint d’Fiorentina, tescht der AS Roum an dem AC Mailand fällt kee Goal
Am spuenesche Championnat spillt den FC Barcelona geint Almeria nemmen 2 – 2 gleich, den direkte Konkurrent, Real Madrid, gewennt 3 – 2 geint Sévilla
D’Katelanen an d’Madrilenen sin elo an der Tabell punktegleich mat jeweils 62 Punkten