An der Sales Lentz Handball League ass et haut d'Suite vum 2. Spilldag am Tittel PlayOff
Um 7 Auer spillt Käerjéng geint Esch
De Marc Gatti a Sven Schleich sin LIVE fir iech dabei.
Am Basket ass et d'Suite vum 4. Spilldag am Tittel Playoff wou um 17.15 d'Etzella Besuch vun Steesel kritt. Beid Equipen hun 21,5 Punkten, wou also een vun deenen zwee Plomme loossen muss.
De Nico Dusseldorf ass fir eis an der Deichhaal dabei. Bei den Dammen spillt nach d'Etzella geint d'Résidence um 15.15
Am PlayDown ass et haut den 3. Spilldag:
Um 6 Auer spillt Zolwer geint d'Résidence an um 7 d'Nitia geint de Racing