Sport Reckbleck vum Samschdeg


Am Tittel PlayOff vum Basketchampionnat gewënnt den T71 89 – 65 géint d’Musel Pikes, Conter verléiert an de Schlusssekonnen 89 – 91 géint d’Sparta

Haut spillt nach d’Etzella géint d’Amicale

Bei den Damme ginn et succèen fir d’Pikes an de Basket Esch, de Mëtteg spillt d’Etzella géint d’Résidence

De Basket Esch ass de éischten Opsteiger an d’Nationale 1, déi Escher gewannen 82 – 37 géint de BC Mess, de Black Star gewënnt 92 – 65 géint Hiefenech

Am Ofstigsgrupp vun der Nationale 2 steet Hesper no der Defaite géint de Gréngewald als éischten Ofsteiger fest

An der Basket Bundesliga verléiert den TBB Treier mam Samy Picard 67 – 84 géint Giessen

Beim Indoor Meeting am Triathlon gewënnt d’Liz May d’Final an ass domadder Lëtzebuerger Championne

Am Cyclissem gewënnt den Italiener Michélé Scarponi déi 4.Etape vum Tirreno Adriatico, de Kim Kirchen gëtt 97., den Andy Schleck 103.

Déi 6.Etape vu Paris Nice gewënnt de Xavier Tondo, de Fränk Schleck gëtt 29. an de Laurent Didier 69.

Am Général feiert den Alberto Contador mat 14 Sekonnen Avance op den Alejandro Valverdé, de Fränk Schleck ass 20. op 2’5


Fussball am Ausland:


An der Bundesliga gewënnt Bayern München 2 – 1 géint Freiburg, Bochum verléiert 1 – 4 géint Dortmund, Gladbach zitt 0 – 4 géint Wolfsburg de Kierzeren, Mainz gewënnt 1 – 0 géint Köln, Hannover gewënnt 2 – 1 géint Frankfurt an d’Hertha verléiert 1 – 2 géint Nürnberg

Bayern hunn 56 Punkten, viru Schalke 54

Haut spillt Hoffenheim géint Werder Bremen a Leverkusen géint den HSV


Am Frankreich spillt Montpellier mat Auxerre 1 – 1 gläich, Monaco a Bordeaux deelen 0 – 0 a Lyon spillt mat St Etienne 1 – 1 gläich

Bordeaux a Montpellier hunn all Kéiers 53 Punkten, Auxerre 52 Punkten a Lyon 51 Punkten


Um 30. Spilldag an England gewënnt Chelsea an den Arsenal, béid Equipen hunn 64 Punkten an der Tabell virun ManU 63 Punkten, déi haut nach géint Fulham spillen


Am italienesche Championnat verléiert Neapel 1 – 3 géint d’Fiorentina


Nom Qualifying vun der Formel 1 fir de Grousse Präis vu Bahrain steet den Sebastian Vettel op der pole position virum Felipe Massa an dem Fernando Alonso, de Michael Schumacher fiert op der 7.Plaatz fort




Sport Review Samschdes 13maerz2010