Programm
Donneschdeg
  • 00:00 - 06:00
    Musek Pur
    Music Only
    De richtege Musekmix
  • 06:00 - 09:00
    Kaffisdesch
    Bas Schagen
    Moies gutt gelaunt opstoen, ass fir vill Leit net ëmmer esou evident, an dat ass och ze verstoe bei all deem Stress de ganzen Dag iwwer. Allerdéngs hunn ech dee Problem net. Moies sin ech schons virum Wecker waakreg, an ech brauch genee 2 Sekonnen fir eraus aus dem Bett an nach 3 Sekonnen bis an d\'Buedzëmmer. Dat war schon ëmmer esou! Houfreg sin ech net, well et ass einfach ugebuer. Dofir sin ech dann awer owes net esou laang fit:-) Em sou méi Spaass mécht et mir moies am Radio gutt Laun eriwwer ze bréngen. Opstoe FIR Iech, awer och MAT Iech, dat ass de Kaffisdësch um DNR. Bas
  • 09:00 - 12:00
    Cappuccino
    Yolande Roller-Lang
    De Cappuccino, eng staark Mëschung mat enger lëfteger Haiwchen...

    Staark sinn d'Invitéen an d'Themen déi all Dag traitéiert ginn an lëfteg sinn d'Gewënnspiller bei denen et ëmmer e flotten Iwwerraschungskado ze gewanne get.

    Cappuccino: Aktuelles aus dem Liewen all Dag tëscht 09h00 an 12h00

  • 12:00 - 14:00
    Cafeteria
    Petz Sandt
    Mëttes e gudde Maufel zerwéieren, dat däerft fir mech als geléierte Kach an alen Hues aus der Lëtzebuerger Radio-Piratenzäit kee Problem sinn. All Dag maache mir op e neits de Frigo op, kucke wat dran ass a kachen eis eppes feines zesummen an deenen 2 Stonne Mëttespaus an der Cafeteria. Mir huelen et wéi et kënnt, mat der richteger Prise Salz a Peffer a jiddereen däerf roueg Proposë maachen oder eng Fro stelle wou mir probéieren d’Léisung ze fannen. Esou schmaacht et jidderengem, dat ganzt am richtegen a beschte Mix, well eng gudd Zooss muss och 2 Stonne kachen :-)
  • 14:00 - 17:00
    Kaffishot
    Jean-Claude Schmitz
    DNR Kaffishot Äre Rendez-Vous fir News aus der internationaler an nationaler Museksszen mat interessanten Invitéen an denen neisten Hits. Firwat dierf ee keen DNR Kaffishot verpassen? D’Emissioun soll groussen Deeler vun der lëtzebuerger Museksszen d’Méiglechkeet ginn, sech selwer engem méi grousse Public firzestellen, mir schwätzen iwwer aktuell Concerten oder nei Releasen. Natirlech begréissen ech och aner interessant Invitéen emmer nees gären am Kaffishot. Donierwt maachen ech och emmer nees en interesséierten a kritesche Bleck op d’international Promi- an Museksszen. Du bass an der DNR-Museksredaktioun aktiv, wéi gesäit des Aufgab konkret aus? Ech hale mech um Courant wat et Neits an der grousser Musekswelt gëtt a liesen natirlech och déi eng oder aaner Fachzäitschreft. Duerno gëtt décidéiert, wéi eng Titelen interessant fir den DNR-Museksprogramm kéinte sinn. Als Fazit kann een einfach soen, datt et extrem wichteg ass, emmer „up to date“ ze sinn, wien a wat grad am Museksbusiness ugesot ass. Wat bedeit dir iwwerhapt Musek? Sie begleet mech vu Moies bis Owes, sief et op der Arbecht oder Privat, e Liewen ouni Musek kéint ech mer nëmmen schwéier firstellen. Wat ech lauschteren hänkt ganz vun menger Stëmmung of, ech hunn awer e grousse Faible fir Rock, Metal an Hip Hop. Ausser Musek keng aner Freed an dengem Liewen? Ech molen praktesch all Dag an schreiwen och gär u Kuerzgeschichten oder u Commentairen. Eent vun menge gréissten Hobbyen sinn Autoen, dës Passioun begleet mech schon bal zënter ech gebuer gouf. Ech ginn nawel och gär gudd Iessen , verbrengen meng Owender am léifsten op Concerten oder kucken Futtball. Dofir ass och en Draam fir mech an Erfëllung gangen, wéi ech fir d’éicht eis A-National Equipe hu konnten commentéiren - et erliewt een de Match ganz aanescht wéi op den Gradinen oder op der Telé.
  • 17:00 - 19:00
    Duebelen Espresso
    Sabine Friederichs
    An och no engem haarden Schaffdag loossen mir ierch net aleng, a begleeden ierch gudd gelaunt an de Feierowend. Mir presentéieren ierch d'Norichten am 20 Minutten Takt, behaalen awer och eis Stroossen am Aan an och d'Musek kennt net ze kuerz. Dodernierwt verrooden mir ierch nach, waat een Owes dann nach esou keint ustellen, an vlait hunn mir jo och nach déi eng oder aaner Iwwerraschung fir ierch mat am Gepäck. Den Duebelen Espresso um DNR, all Dag tescht 17h00-19h00. Be part of it! :-)
  • 19:00 - 20:00
    InfoBox
    Music Only
    Theater, Kino, Expoen, Nightlife

    Tescht 19h00 an 20h00 Auer ass beschtens fir iech gesuergt. Eis Eventbox ass um Rendez-Vous, a mir verrooden iech, wini dir wou waat kënnt ënnerhuelen.
    Wann dir äer Manfestatioun bei eis wellt ukënnegen, da schéckt eis eng e-mail op
    sabine@dnr.lu
  • 20:00 - 00:00
    Musek Pur
    Music Only
    De richtege Musekmix